Mäi Papp a säin Elektro-Fimmel

Wou ech 12 Joër aal war, huet mäi Papp onbedengt missen Solarpanel fir d’waarm Waasser op eisen Daach kréien. Daat war deemols äusserst oncool fir mech, well mir di eenzeg waren, déi sou eppes Komesches um Daach haaten.

Mat 14 Joër gouf et nach méi schlëmm, du war déi aaner Halschend vum Daach och nach voll fir d’Élektrescht.

Dunn………koum den Elektroauto, sou e richtegen Boopen-Auto; en hellbloen Prius plug-in. An domat ass e mech 2-3x an der Woch an de Lycée siche komm, waat war ech genéiert. Deen Auto ass voll opgefall niewt all deenen schwarzen Mercedes’en a groen BMW’en.

Mëttlerweil hun ech 21 Joër a wëll spéider och, wéi mäi Papp, en Haus mat Solarzellen an e Boopen-Auto hun.

Dina Nimax – illustréiert vum Francine Weydert