E Podcast vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Journal.
🎙Gréng OP den Oueren 🎧 de neie Podcast vun Enovos.
Mir beliichten är Energie vu ville Säiten an treffen eis dofir mat Leit déi sech domat auskennen oder déi Erfarunge gemaach hunn. Gréng Energie & Nohaltegkeet, Energetesch bauen a renovéieren, Klimafrëndlech liewen….
Episod 6: Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg
Wandenergie, Solarenergie, Waasserkraaft. Et gëtt vill verschidde Manéieren, fir nohalteg Stroum ze produzéieren. Wéi eng Entwécklung huet déi gréng Energie iwwert déi lescht Joren zu Lëtzebuerg gemaach? A wéi kënne Betriber an och Privatleit hëllefen, fir d’Energietransitioun virun ze dreiwen?
D’Anouk Hilger ass bei Enovos Responsabel fir d’Departement vun den erneierbaren Energien a gëtt an Abléck an déi grouss Projeten, déi Enovos scho jorelaang ëmsetzt – vun der Ëmweltetude ganz um Ufank iwwer d’Konstruktioun bis bei d’Exploitatioun. Donieft kréie mir vun engem iwwerzeegte Privatnotzer Tuyauen, op wat een oppasse muss, wann ee sech doheem eng Anlag installéiert, a wat d’Virdeeler vu gréngem Stroum sinn.
Lauschtert eran a gitt “gréng op den Oueren”!
Episod 5: Liichtverschmotzung
Kënschtlech Luucht huet méi e groussen Afloss op Mënsch an Déier, wéi ee mengt. Kann et sinn, dass mir eis d’Welt méi hell gemaach hunn, wéi se eigentlech misst an dierft sinn?
Mir sinn dës Kéier op Besuch beim Liichtberoder vum Naturpark Our. Den Daniel Gliedner erkläert eis ënner anerem, firwat d’Thema an de leschte Joren ëmmer méi Gewiicht kritt huet, wéi d’Stroossebeliichtung nei geduecht ka ginn a wat fir positiv Effekter et dobäi fir d’Gesondheet gëtt. Den Tiago De Sousa, Chargé d’études bei der Naturverwaltung, seet eis, wéi d’Problematik national an international an Ugrëff geholl gëtt. An de Laurent Melchior vun Enovos gëtt praktesch Tuyauen, fir net nëmme Luucht, mee och Energie ze spueren.
Lauschtert eran a gitt “gréng op den Oueren”!
Episod 4: Klimafrëndlech liewen
Et gëtt kee bessere Moment, fir seng Gewunnechten z’änneren, wéi den Ufank vum Joer. Besonnesch déi kleng Gesten a Schrëtt kënne vill bewierken, och am Hibléck op d’Klima. Mir sinn dës Kéier ënner anerem op Besuch beim CELL. D’Delphine Dethier an den Norry Schneider zielen eis, wéi wäit d’Transitiounsbeweegung et no 12 Joer scho bruecht huet a wat déi grouss Erausfuerderunge fir déi no Zukunft sinn. Mir luussen och beim Estelle Flammang am Buttek Onperfekt zu Maarnech eran, hannert deem eng Initiativ stécht, déi sech fir lokal a saisonal Liewensmëttel staark mécht. A vun Enovos gëtt et einfach Tuyauen, fir Energie ze spueren, woubäi de Klient-Portal my.enovos och eng wichteg Roll spillt.
Lauschtert eran a gitt “gréng op den Oueren”!
Episod 3: Energetesch renovéieren
Et muss net ëmmer nei sinn. Renovéiere kann och eng Optioun sinn, besonnesch wann ee Wäert leet op Klimaneutralitéit an Energieeffizienz. Mir sinn op Besuch beim Ben Birkel zu Hitten, deen d‘Scheier renovéiere gelooss huet, déi viru bal 100 Joer vu sengem Grousspapp gebaut gouf. Mat dobäi ass den Expert Marc Neu. Hie bedreift en ökologesche Baustoffhandel an ass schonn iwwer zwee Joerzéngte laang am Energieberäich täteg, ënner anerem als Energieberoder. Am Gespréich mat der Klima-Agence raume mir donieft op mat Virurteeler ronderëm energetescht Renovéieren a loossen eis vun engem Simulator ënner d’Äerm gräifen. A vun Enovos gëtt et praktesch Detailer zu den enoprimes, déi jiddereen ufroe kann.
Lauschtert eran a gitt “gréng op den Oueren”!
Episod 2: Nohaltegt Bauen
Wéi plangt een en Haus, wann ee klimaneutral an energieeffizient wëll bauen? An op wat muss ee besonnesch gutt oppassen, fir dass de Projet e Succès gëtt?
Beim Max Pesch ass de Wonsch vun engem Holzhaus mat engem héijen Ecostandard Realitéit ginn. Mir maache mat him zesummen en Tour duerch d’Haus a ginn ë.a. gewuer, wat eng Lehmmauer matzen an der Stuff fir Virdeleer huet a wéi eng Roll d’Photovoltaik ka spillen. Donieft gëtt et Tipps vum Sarah Juchems vun der Klima-Agence a puncto Subventiounen, an och Besuch vun enger Influencerin.
Lauschtert eran a gitt “gréng op den Oueren”!
Episod 1 : Grénge Stroum zu Lëtzebuerg
Hunn ech grénge Stroum? Wann jo, wou kënnt en hier?
De Max huet sech mat 3 Experte getraff.
- mam Roger Rütze- Expert fir Green Portfolio zum Thema grénge Stroum an zum Energie-Mix,
- mam Alain Hübsch, Head of Market Operations zum Energie-Akaf,
- mam Germain Emeringer, Responsabel fir residentiell Client’en et kleng Entreprisë geheie mir e Bléck hannert d’Kulisse vun der Servcieline.
An dësem Podcast kritt dir och Informatiounen zou verschiddene Primmen an och Energiespuertipps.
Lauschtert eran a gitt “gréng op den Oueren”!